Resumen del episodio
"La vie est une fête", produzéiert vu der Theatergesellschaft Les Chiens de Navarre an inszéneiert vum Jean-Christophe Meurisse, kléngt vum Titel hier ähnlech wéi "Tanzende Idioten", d’Theaterstéck, dat mir grad beschwat hunn. Vum Inhalt hier kéint et awer net méi ënnerschiddlech sinn. D’Emma Hizette an de Jeff Schinker waren d’Stéck e Freiden am Escher Theater kucken, wou et nëmmen eemol gewise gouf, éier d’Grupp hir Tournée a Frankräich fortgesat huet.

Episodios
"La vie est une fête" am Escher Theater
Escuchado"La vie est une fête", produzéiert vu der Theatergesellschaft Les Chiens de Navarre an inszéneiert vum Jean-Christophe Meurisse, kléngt vum Titel hier ähnlech wéi "Tanzende Idioten", d’Theaterstéck, dat mir grad beschwat hunn. Vum Inhalt hier kéint et awer net méi ënnerschiddlech sinn. D’Emma Hizette an de Jeff Schinker waren d’Stéck e Freiden am Escher Theater kucken, wou et nëmmen eemol gewise gouf, éier d’Grupp hir Tournée a Frankräich fortgesat huet.
"Tanzende Idioten" vum Thorsten Lensing am Groussen Theater
Escuchado"Tanzende Idioten" vum Thorsten Lensing ass de Weekend am Groussen Theater gelaf. No "Verrückt nach Trost" an der Saison 2022/23 ass d’Stéck dat zweet Originalwierk vum renomméierten däitsche Regisseur. Et baséiert u sech op zwee Sätz aus enger Erzielung vum amerikanesche Schrëftsteller Denis Johnson an huet de lëtzebuergesche Schauspiller André Jung sou wéi de Sebastian Blomberg, d’Ursina Lardi an d’Karin Neuhäuser an der Besetzung. D’Emma Hizette an de Jeff Schinker waren d’Stéck kucken a verroden eis gläich wéi si d’Stéck fonnt hunn.
Tierkesch Postkaarte vum Guy Helminger – Schutz
EscuchadoDe Schrëftsteller Guy Helminger sëtzt nach ëmmer zu Istanbul an hat sech virgeholl déi véier Schutzhelleg vum Bosporus ze besichen. Mee do war kuerzfristeg eppes dotëschent komm. Op hie senge Patréiner hannenno awer nach konnt Moie soen, erzielt hien mat senger drëtter Postkaart.
"Ma vie sous les tentes"
EscuchadoGëschter Owend war d’Première vum Jeff Schinker sengem Stéck Ma vie sous les tentes am Théâtre du Centaure. Gespillt vum Pitt Simon an inzenéiert vum Jacques Schiltz. D’Emma Hizette war d’Stéck kucken an ass am Studio beim Simon Larosche mat sengen Andréck.
Filmkritik: "Ebenezer"
EscuchadoDen Johnny Depp als ale Granzert am viktorianesche London, dee vu Geeschter erëm dozou bruecht gëtt, Chrëschtdag z'appreciéieren. Den Amerikaner Ti West adaptéiert eng Kuerzgeschicht vum Charles Dickens. Eng Kritik vum Michel Delage.